Indiaca-WM: Lëtzebuerg Weltmeeschter bei de Männer Open
Op der Indiaca-WM zu Ettelbréck huet Lëtzebuerg an der Kategorie Männer Open mat 25:18 an 25:23 an
der Finale géint Däitschland gewonn....
Lëtzebuerg
heescht dee neien Indiaca-Weltmeeschter. An der Kategorie Männer Open
hunn eis Faarwen duerch en Zweesazsieg mat 25:18 an 25:23 an der Finale
géint Däitschland gewonnen.
Bei den Dammen Open a bei der Mixed Senior gouf et fir Lëtzebuerg d'Sëlwermedail.
An der Kategorie Männer Senior ass et eng Bronzemedail ginn.
Hei d'Resultater vun de Finallen am Iwwerbléck:
>> Kategorie Frauen Senior: Deutschland-Schweiz 2:0 (Sätze: 25:22, 25:19)
>> Kategorie Männer Senior: Deutschland-Estland 2:0 (Sätze: 25:22, 25:19)
>> Kategorie Mixed Senior: Deutschland-Luxemburg 2:0 (Sätze: 25:14, 25:16)
>> Kategorie Frauen Open: Deutschland-Luxemburg 2:1 (Sätze: 25:13, 23:25, 25:15)
>> Kategorie Männer Open: Luxemburg-Deutschland 2:0 (Sätze: 25:18, 25:23)
>> Kategorie Mixed Open: Deutschland-Estland 2:0 (Sätze: 25:19, 25:23)
An der Ettelbrécker Sportshal, wou d'Indiaca-WM (dat ass e Sport, deen
e bëssi u Volleyball erënnert) ofgehal gouf, haaten sech zu de
Spëtzenzäiten circa 1.000 Leit afonnt, fir d'Equippen ze ënnerstëtzen.